RTL : Co-Labor féiert 40. Gebuertsdag

1983 gouf Co-Labor gegrënnt. Eng Cooperativ, déi ugangs mat Bëschaarbechte Leit gehollef huet, de Wee zréck op den Aarbechtsmarché ze fannen.

E Projet, wou nieft dem soziale Volet och Nohaltegkeet ëmmer grouss geschriwwe gouf an deen am Laf vun de Joren seng Aktivitéiten ausgebaut huet.

Bis haut ass Co-Labor nach ëmmer konventionéiert, a spillt eng wichteg Roll fir Leit eng nei Chance a Perspektiven ze bidden, zum Beispill iwwert eng Ëmschoulung. Wat deemools mat enger Hand voll Benevollen ugefaangen huet, ass haut e grousse Betrib mat enger 250 Mataarbechter.

Vu Jardinerie bis Bio-Alimentatioun a Restauratioun - dat si just e puer vun hire Pilieren, wou Leit ausgebilt ginn, an eng jett Clienten och eppes dovun hunn, dorënner och Gemengen, déi op hir Servicer zréckgräifen. Eng Succès Story zanter véier Joerzéngten.

De 16. September ass déi grouss Porte-Ouverte fir den Anniversaire op der Grevelsbarrière zu Bartreng, vun 10 bis 17.30 Auer.

Découvrez le reportage juste ici !

Janette magazine : co-labor inaugure sa seconde enseigne à Dudelange